Véi vum Séi: Un label de qualité national
LU
Séit 1996 ass “Véi vum Séi” e Qualitéitslabel fir Rëndsfleesch aus dem Naturpark Öewersauer an domadder den zweet-eelsten Member aus der Famill vun den “Vum Séi”-Betriber.
D’Zil vum Label ass et eng bewosst a qualitativ Opzuucht vun de Béischte mat den Ëmweltziler vum Naturpark ze verbannen, a besonnesch d’Natur an eist Drénkwaasser ze schützen.
Dofir halen sech d‘Betriber un e strengt Laaschtenheft, mat ënner anerem dëse Punkten:
– Regional Hierkunft vun den Déieren (Gebuert um Haff)
– Krittäre fir Fuddermëttel
– Déierewuel
– Verbuet vu Spaltenbueden
– Schluechtung an engem Lëtzebuerger Schluechthaus
– Buedembeaarbechtung am Respekt vum Waasserschutz
– Obligatoresch Weidehaltung
– GMO-fräit Fudder
FR
Depuis 1996, „Véi vum Séi“ est un label de qualité pour la viande bovine du parc naturel Öewersauer et est ainsi le deuxième membre le plus âgé de la famille des producteurs „Vum Séi“.
L’objectif du label est de relier un élevage conscient et de haute qualité aux objectifs environnementaux du parc naturel, et en particulier à la protection de la nature et de notre eau potable.
C’est pourquoi les producteurs adhèrent à une liste d’exigences strictes, comprenant les points suivants :
– Origine régionale des animaux (nés dans la ferme)
– Critères pour l’alimentation des animaux
– Bien-être animal
– Interdiction des caillebotis
– Abattage dans un abattoir luxembourgeois
– Traitement des sols en matière de protection des eaux
– Pâturage obligatoire
– Aliments sans OGM
NEI | NOUVEAU
Vous habitez trop loin ? PICK-UP CHEZ ALaViTA